Logo

Thème de l’année 2021-22

Wat wierklech wichteg fir een ass, beäntwert jiddereen aneschters, an trotzdem ginn et Gemeinsamkeeten. D'Gesondheet ass ee Kapital vum Mënsch. D'Gesondheet, déi physesch an och déi psychesch sinn wichteg fir den Ufuerderungen am Alldag gerecht ze ginn. Gesondheet heescht méi ewéi d'Feele vu Krankheeten: Liewensfreed hunn an mat positiver Energie säi Liewenswee gestalten. De Mënsch brauch och Bezéiungen fir sech a sengem Liewen wuelzefillen. E Mënsch kann net duerch sech selwer existéieren an dëst fänkt schonns mat senger Gebuert un. Als Schoulgemeinschaft ass eis immens wichteg dat mir all Member vun eiser Gemeinschaft mat sengen individuellen Talenter a Fäegkeete erkennen. An mir gesi eis als eng grouss Famill. An enger Famill soll keen am Reen stoe gelooss ginn. Et probéiert een deen aneren ze ënnerstëtzen an deem engem seng Stäerkt, kann engem aneren seng Schwächt kompenséieren. Wann ee seet dass d'Schoul wierklech wichteg ass, kann et net méi eleng em Wessensvermettlung goen. Et begleet een d' Kanner an d' Jugendlecher op hirem Wee zur Autonomie,wou se erausfanne wat fir Valeuren a Kompetenze fir si wichteg sinn, fir e glécklecht an zefriddent d'Liewe féieren ze kennen. Fir a Gemeinschaft gutt ze liewen, dierf een de Fridden net vergiessen. Am Fridden ze liewen heescht net eleng ouni Krich ze liewen. Am Fridden ze liewen heescht : versichen ouni Sträit zesumme ze liewen. Dëst ass fir jiddereen eng Erausfuerderung a méiglech, wann een zesummen Kompromësser wëll fannen. Dat heescht dat een sech selwer net als dee Wichtegsten gesäit, mee dass een Récksiicht op seng Matmënschen huelen muss. Eis Schoul ënnerstëtzt säit enger Rei Joren d'Maggy Barankitse an hire Projet am Burundi. D'Maggy ass momentan selwer e Flüchtling, mee et gëtt säi Projet net op an et probéiert weiderhi mat ganz vill Asaz de Kanner dohannen ze hëllefen. Mir gi reegelméisseg gewuer, dass si net déi Chance hunn wéi mir. Dofir setzen mir eis weiderhin fir si an an, dass d'Kanner esou méi Méiglechkeete kréien an hirer schoulescher Bildung. Fir d'Maggy spillt hire perséinleche Glawen un Gott eng wichteg Roll. An engem Interview mat Partage seet si: " Ici-bas, nous ne sommes tous que des pèlerins..... Notre mission sur terre est de faire de cette terre un paradis. Nous sommes donc en préparation et on pourrait faire de ce monde un paradis...". De Glawen un Gott gëtt ville Mënsche Kraaft an hirem Alldag a virun allem gëtt en de Mënschen och eng Missioun.  Am éischte Korintherbréiw huet den Apostel Paulus de Mënschen eng chrëschtlech Grondreegel vermëttelt: Alles wat ee mëscht, soll een aus Léift maachen a wann een d'Léift net huet, ass een u sech eidel. Dëst ass wuel ee vun de wichtegste Messagen: