Logo

EPSAsport

News

Den Donneschden 29.2.2024 hunn d´Kiara, Sara, Tania an d´Sara um Boulder Championnat am X-BLOC zu Esch deelgeholl. D´Kiara konnt sech den éischte LASEL-Championstitel am Boulderen fir d´Sainte-Anne secheren. All Respekt an Félicitatiounen dem Kiara fir seng Leeschtung.

Ee weidert LASELevent war um 29.2.2024. Eis Schoul war an der Finale vum Futsall Championnat vun den Filles Seniores ugetrueden a konnt sech souverän den Championstitel secheren. Top Meedecher! Féliciatiounen der ganzer Équipe.

Bewegte Schule: Adventskalenner

Félicitatiounen der 2GCG-1, si hunn dei meeschten Videoen erageschéckt.

Präis: Jeweils een Entréesbillet fir an den Icepark op Beaufort.⛸️

Merci all de Klassen dei matgemaach hunn.


Präsentatioun

  • Adresse: École Privée Sainte-Anne– Bâtiment D, 108 Grand-Rue L-9051 ETTELBRUCK
  • E-Mail: epsasport@sainte-anne.lu
  • Téléphone: 812210-228
  • Video: https://youtu.be/T-PUrEWzYcM

Équipe

Alliaume Liz, Bertemes Romy, Brönner Sebastian, Dimmer Mike, Fellens Daniel, Palgen Luca, Pattison Neil, Reiter Stéphanie, Soragna Louis


Sportunterrecht an der EPSA

De schoulinternen Léierplang vun der EPSA an deem d’Inhalter festgeluecht sinn, déi an deene verschiddene Klassestufen ze behandele sinn, ass breet gefächert. Um Programm stinn e.a.:

  • Klassesch Ballsportaarten (e.a. Basketball, Fussball an Handball)
  • Alternativ Équipesportaarten wéi Kinball oder Tchoukball
  • Réckschlagsport (e.a. Dëschtennis a Badminton)
  • Geräteturnen a Parcours
  • Rhythmesch-gestalteresch Sportaarten wéi Danzen oder Akrobatik
  • Fitnesssport (e.a. Functional Fitness)
  • Waassersport (e.a. Schwammstiler a Rettungsschwammen)
  • Outdooraktivitéiten wéi Mountainbike, Klammen oder Inliner

Link Schoulinternen Léierplang: Schulinterner Lehrplan EPS (EPSA)

Ëmmer geet et drëms, d’sportmotoresch Fäegkeete vun de Meedecher ze verbesseren a hir sozial-kooperativ Kompetenze weiderz’entwéckelen. D’Freed um Sport an un der Beweegung däerf natierlech och net feelen a si soll déi Jugendlech dozou motivéieren, och nieft der Schoul an hirem Alldag sportlech aktiv ze sinn.

De Sportunterrecht gett am Bâtiment D ofgehalen, eng grouss Sportshal, e mëttelgroussen Sportsall an ee Spiggelsall souwei och een Outdoorterrain an eng outdoor Klammwand stinn eis zur Verfügung. Des Weideren ginn och Sportscouren an der grousser Sportshal am Daich, wou mir den groussen Turnsall vum Turnveräin mat Geräter kennen notzen an awer och een Judossall an eng Klammwand esou wei och wieder Halen dei eis zur Verfügung stinn. De Schwammcours gett am Nordpol um Colmar-Berg ofgehalen.


LASEL an Sportsektioun

  • D’LASEL (Ligue des associations Sportives Estudiantines Luxembourgeoises) organiséiert iwwer dat ganzt Schouljoer Turnéier a Concoursen, an deenen déi verschidde lëtzebuergesch Schoulen sech an diverse Sportaarte moosse kënnen. Dës Manifestatioune ginn an der Regel donneschdes mëttes ofgehalen a fannen duerch d’ganzt Land statt.
  • Och eise Lycée hëlt u ville Manifestatiounen deel! De Grupp gëtt ëmmer op d’mannst vun engem Sportsproff betreit, deen de gemeinsamen Transport mat engem Bus organiséiert.
  • Weider huet all Schüler d’Méiglechkeet zu bestëmmten Zäiten an de Sportskomplex ze kommen an hei Sport ze maachen.

Horaire Sportsektioun EPSAsport

Kalenner LASEL

EVENTS: https://lasel.lu/index.php?p=events

Lasel News

SOL National Games Athletics Indoor (25.11.23)

E Samsden stoungen déi National Indoor Liichtathletikmeeschterschaften vu Special Olympics Lëtzebuerg an der Coque um Rendez-vous 🏃‍♂️🏆
Alleguerten d'Sportler a Sportlerinnen hunn alt erëm eng Kéier bewisen waat si Alles kënnen an hunn top Leeschtungen bruecht! 💪🏻 Iech alleguerten Félicitatiounen fir déi super Resultater! 👏🏻🥇🥈🥉🏅
Merci eisen 5 EPSA-Schülerinnen an 3 Anciennen fir äeren Asaz als Bénévole! 👏🏻 💪🏻


LASEL Championat Fechten (16.11.23)

Den 16.11.2023 huet mam Sophie fir déi éichte Kéier eng EPSA Schülerin um LASEL Championat am Fechten am Centre National d‘ Escrime um Lampertsbierg deelgeholl. Top Sophie 💪👏

Video LASEL

https://youtu.be/aIrOHFJlnEk?si=tdfNnfGQrRC-VG29


Events an Sportstagen

Sportausfluch

De Sportausfluch gëtt all Joer am Juli organiséiert. Schülerinnen déi sech dat ganzt Joer iwwer sportlech engagéieren, sief et an de Laselsaktivitéiten oder Laselschampionater.

https://youtu.be/h-5uKdKvo8A?si=lyzdBtct4fZQKOUW

Skistage Obertauern

Säit enger Réi Joren organiséiert d' EPSA zesummen mam Lycée vum BELVAL an LTETT eng Schiwoch zu Obertauern an Éisträich.​


Bewegte Schule

Bewegter Unterricht

Surveillancestonnen, an deenen d’ Klasse keng Aufgabe musse maachen, gi genotzt fir dat laangt Setzen ze ënnerbriechen. Des Stonne solle fir zousätzlech kierperlech Aktivitéit genotzt ginn. (Spadséiergäng, Beweegungsaufgaben, Sittings breaks oder Outdoor Aktivitéiten).

Bewegte Pause

D’Bewegte Pause soll de Schülerinnen eng zousätzlech Méiglechkeet bidden, sech kierperlech betätegen ze kennen.

Bewegte 5 Minuten Pause

D‘ Sitting breaks sollen dat beweegungsarmt Konzept vum Unterrecht oplackeren an dat stonnelaangt Setzen ënnerbriechen.

Beweeglechkeet:

https://www.youtube.com/playlist?list=PLFJg1AlBzCzEhkmslMFBfblu7Aqyfe91O

Herzkreeslaf/Kräftegung:

https://www.youtube.com/playlist?list=PLFJg1AlBzCzHMab0XPTMY3LgvKr1KtOaJ

Koordinatioun:

https://www.youtube.com/playlist?list=PLFJg1AlBzCzHRnzMgozkVjHZRayjV7IZ

Bewegtes Schulleben

Special Olympics@EPSA an Danz aus der Rei

Bei dësen zwee Projete steet nieft der Beweegung och de sozialen Aspekt am Fokus. Säit 2014 fënnt all Woch een Training an Zesummenaarbecht mat Special Olympics Letzebuerg an der Ecole Privée Sainte-Anne statt.

Säit 2021 gëtt et och een inklusiven Danzprojet an Zesummenaarbecht mat der Ariichtung "de Park" vun Ettelbréck an dem "Foyer Atert" vun Useldeng.

Di zwee Projeten hunn d' Zil dass sech Schülerinnen zesumme mat Mënschen mat enger geeschteger Aschränkung zesumme beweegen, sech kenneléieren, sech géigesäiteg hëllefen an ënnerstëtzen. Esou kennen Angscht a Virurteeler géigeniwwer Mënschen mat enger geeschteger Aschränkung ofbauen.​

Video: https://youtu.be/Yaxt3zhS9E0

Mobilitéits- a Verkéierserzéiung

Vëlosdag

De Vëlosdag gett all Joer fir d' 7e Klassen organiséiert. Hei steet de Vëlo ganz am Mëttelpunkt. Et gi verschidden Workshoppe vun externen an internen Intervenanten ugebueden déi eisen Jéngsten d' Freed an de Spaass um Vëlo fuere vermëttelen sollen.

Vëlosdag 2022

Vëlosdag 2023

Teambuilding Worriken (6es)/Pfunds (4e)

Fir ee konfliktfräien Start an d'Schouljoer ze garantéiere, bidde mir op de 6e an 4e Klassen Teambuildingaktivitéiten un. Zil ass ee positiivt Klasseklima an d' Stäerkung vum Klasseklima.

Fotoen:

Self-Defense

Säit iwwer 10 Joer besteet eng Kooperatioun tëscht der EPSA an dem Self-Defense-Team vun der Police Grand-Ducale. Eemol am Joer kommen si op Ettelbreck a maachen op verschiddene Klassen eng Aféierung a Selfdefensetechniken.

MVOS (Mam Vëlo op d‘ Schaff oder an d‘ Schoul)

Säit e puer Joer mécht d'AGEDOC (Ecole Privée Fieldgen an Ecole Privée Sainte-Anne) bei der Aktioun mam Vëlo op d' Schaff mat.

Virun 2 Joer konnte mir de Golden Gear Award gewannen. Dëse Präis ass fir de Patron deen et fäerdeg bréngt déi meeschte Mataarbechter ze motivéiere fir mam Vëlo op d' Schaff ze kommen.

Radbonus

Dëst Joer huet d' Nordstad eng 1 Editioun vun der Radbonus Schülerchallenge vun de 7 Nordstad-Lycéen organiséiert. D' Ecole Privée Sainte-Anne war hannert dem NOSL dee Lycée deen déi zweet Meescht Kilometer gefuer ass.

Bewegte Freizeit

Déi modern Technologie bitt onbegrenzten Méiglechkeeten déi Jugendlech zu méi reegelméisseger Beweegung an hirer Fräizäit ze motivéieren.

EPSAsport APP: https://youtu.be/ZLw6GvLfYdg

TOURNOI DE VOLLEYBALL INTERLYCÉES (LCD)

E Freiden war eis Schoul mat 8 héichmotivéierten Proffen um "Tournoi de Volleyball Interlycées am LCD am Asatz.🏐

Eis Équipe huet et bis an d´Véierelsfinal gepackt. 💪🏻 Leider hunn sech eis Proffen dunn am Derby géint den LTETT misse geschloe ginn.

Ee gelongenen sportlechen Owend!👏🏻👍🏻🏐😀

Visit vum Här Minister Claude Meisch

Den Här Meisch huet eis den 9.1.2023 besicht, an sech iwwert zwee Projeten vun eiser Schoul informéiert. D‘ Sportsdépartement huet den néitsten Projet EPSAsport App dei am Kader vun der Bewegte Schule entstanen ass, präsentéiert. Des App erméiglecht et d’Challengen am Beräich Lafen, Vëlo an Spadséieren ze erstellen. Esou sollen d‘ Schülerinnen zu méi Beweegung am Alldag motivéiert ginn.

Video: https://youtu.be/Ar5ADUPCFJQ?si=6ZfSTawi6wco43AP

Links

EPSAsport Kanal: https://www.youtube.com/@epsasport/playlists

APEP https://www.apep.lu/

Dokumenter