Thème de l’année 2025-26
Choose Respect – E Choix, All Dag!
Choose Respect – Maacht mat, sidd dobäi!
L’équipe d’Aumônerie Commune (Fieldgen et Sainte-Anne) a choisi un thème d’année en apparence simple, mais tout à fait essentiel : Choose Respect.
Le respect est bien plus qu’une règle de politesse : c’est la base d’une vie en commun harmonieuse. Il se choisit et se vit chaque jour : dans nos paroles, nos messages, nos gestes et nos attitudes. Choisir le respect, c’est d’abord se respecter soi-même : apprendre à se connaître, accepter ses forces et ses limites, prendre soin de son corps et de ses émotions. C’est aussi respecter les autres : écouter sans juger, dialoguer sans mépriser, refuser moqueries, harcèlement et exclusion. Privilégier l’écoute, le dialogue et l’ouverture d’esprit. Enfin, c’est respecter notre environnement : les lieux où nous vivons, les règles communes, les idées et le travail de chacun. Tout au long de l’année, des projets et des actions nous inviteront à réfléchir, à prendre la parole et à agir. Choisir le respect, c’est construire ensemble une école plus juste, plus humaine et plus fraternelle. ___________________________________________________________________________________________D’Aumônerie huet fir dëst Schouljoer d’Joeresthema "Choose Respect" rausgesicht. Mee wat heescht dat wierklech? Wat fir eng Schoul wëlle mir zesummen hunn? Eng wou jidderee seng Plaz huet, wou een sech net muss verstoppen oder verstellen, wou et normal ass, dass mir eis géigesäiteg respektéieren. Dat ass et, wat "Choose Respect" heescht: zesummen entscheede mir eis fir en Ëmfeld voller Verständnis, Wuelwëllen an Zesummenhalt. Respekt fänkt kleng un: mat engem Merci, engem Wuert, engem Laachen, engem sech Zeréckhalen, och wann et schwéier fält. Et geet drëms, opmierksam ze sinn – vis-à-vis vun aneren, awer och vis-à-vis vun eis selwer. Keen ass perfekt, mä jidderee kann säin Deel bäidroen. Am Laf vum Joer stelle mir zesummen Initiativen op d’Been, déi genee dat fërderen: e fairt Mateneen, Toleranz a Courage. Et geet net nëmmen drëms, eppes net falsch ze maachen – mee aktiv eppes Richteges ze maachen. Hëllef ubidden. Eng Stëmm ginn. E Beispill sinn. Also, wa mir eis schonn eppes eraussiche kënnen: wielt de Respekt. Fir Iech. Fir déi aner. Fir eng Schoul ouni Mobbing a Gewalt, ouni Virurteeler a Beleidegungen. Fir eng Schoul wou jidderee gäre kënnt.