Logo

Thème de l’année 2022-23

D'Jorestheema vun dësem Schouljoer ass "Courage!".

Courage huet an eisem Sproochgebrauch zwou Bedeitungen:

Di éischt ass et seng Angscht ze iwwerwannen a gewësse Situatiounen. Di Situatioune kenne ganz verschidde sinn: Angscht virun enger Prüfung, engem wichtege Rendez-vous, engem medezineschen Diagnostik, enger neier Erausfuerderung fir nëmmen e puer Beispiller ze nennen. Angscht, esou seet den Pater Anthony de Mello, läit awer ni an der Saach selwer, mee doran ewéi een se betruecht. D'Angscht gehéiert zum Liewen dozou an di grouss Philosophin Hannah Arendt, di den Holocaust iwwerlieft huet, mengt esouguer, d’Angscht an de Courage fir si ze iwwerwannen, wier fir d'Iwwerliewen onverzichtbar.

Sécherlech huet jidderee vun eis eng Kéier a verschiddenste Situatioune Mënsche Courage zougesprach: Courage, du packs dat schonns!

Wann een sech bewosst gëtt, dass ee mat sengen Ängschten net eleng ass, wiisst een an alle Situatiounen an et kann een di eng oder aner Erausfuerderung méi positiv ugoen.

Als gleeweg Chrëschte kann een dobäi un d’Zouso aus dem Buch Jesaja denken: „Fürchte dich nicht, ich bin mit dir; weiche nicht, denn ich bin dein Gott. Ich stärke dich, ich helfe dir auch, ich halte dich durch die rechte Hand meiner Gerechtigkeit.“ (Jes 41,10)

Am Liewen ass een net eleng. Niewent der spiritueller Dimensioun kënne mir eis och an eisem Ëmfeld op Mënsche verloossen, déi eis gären hunn, déi eis begleeden an eis net fale loossen, och net an de schwierege Momenter.

Fir dës Erfarung maachen ze kënnen, gëtt et nëmmen ee Rezept an dat ass säin Häerz opzemaache fir d'Matmënsche ronderëm een, déi engem weise wëllen, dass een hinne wichteg ass.

Di zweet Bedeitung vu Courage kann een als Zivilcourage bezeechnen. Et dierf een de Courage hunn seng Meenung ze soen, sech géint Ongerechtegkeeten anzesetzen an dat ze maachen oder ze soe, wat een als moralesch korrekt ugesäit.

Säit Joren ënnerstëtzt eis Schoul d'Maggy Barankitse. D'Maggy ass e liewegt Beispill duerfir, wéi een sech aus Iwwerzeegung géint Ongerechtegkeet asetze kann. Hat seet: «Je suis convaincue que la vie est une fête. C’est à nous d’éloigner les nuages. Nous avons assez d’amour et de richesses pour que tout le monde vive dans la dignité.»

Mir brauche Mënschen, déi de Courage hunn, hir Stëmm ze erhiewen, wann géint eis Wäerter verstouss gëtt. Dëst net nëmmen am Groussen, wéi d'Maggy eis et virlieft oder wéi aner grouss Perséinlechkeeten eis et an der Geschicht virgelieft hunn, ewéi zum Beispill d'Mutter Teresa, den Mahatma Gandhi oder den Martin Luther King. Den Zivilcourage fänkt am Klengen un, am Zesummeliewen an eiser Famill, an eisem Frëndeskrees oder och an der Schoul. Do wou mir Ongerechtegkeete gesinn oder empfannen, solle mir eis alleguerte bewosst duerfir asetzen, dass dës aus der Welt geschaaft ginn.

Courage ass also méi ewéi e Wuert. Courage ass e Liewensprogramm. Engersäits Mënschen es ze schenken an anerersäits es och ze hunn fir sech selwer a fir eis Welt e klengt Stéck besser ze maachen. D'Zukunft vun der Welt brauch Courage a Leidenschaft a warscheinlech ass dat och d'Geheimnis vun engem besseren Zesummeliewen.