Logo

Mir erënneren Eis

Eis Schoulgemeinschaft huet um nationale Commemoratiounsdag un d'Affer vun der Nazi-Occupatioun geduecht. D'Marie-Lee an d'Milla vun der 1GSO2 hunn un der Zeremonie um Juddekirfecht zu Ettelbréck Gedichter vum Halina Birenbaum virgedroen. Des polnesch Schrëftstellerin war am Alter vu 14 Joer mat hirer Famill an d'KZ Auschwitz verschleeft gi. D'Ermordung vun hiren Elteren an déi béis Zäit an de Lageren hu vill Leed hannerlooss, dat d'Halina a Gedichter verschafft. Zesumme mat de Gemengevertrieder an de Membere vun der A.s.b.l. "Al Synagog Ettelbréck" huet en den Affer vum 2. Weltkrich, sou wéi deenen aktuelle Konflikter geduecht. (Fotoen : Romain Heckemanns)