EPSAsport
News
Adventskalenner 2025
Hei fannt dir eisen Adventskalenner 2025 "Bewegte Pause“

Table Ronde „Staark Fraen am Sport“ an Expo „From Passion to Purpose“


D’Expo From “Passion to Purpose“ gouf am Kader vun der „Bewegte Schule“ an der „Journée de la femme“ fir zwou Woche gewisen. Als Ofschloss vun dëser inspiréierender Aktioun huet den 21. Mäerz eng Table Ronde mat villen impressionante Fraen aus der Sportswelt stattfonnt. Mir ware besonnesch houfreg, dës aussergewéinlech Perséinlechkeeten, déi duerch hiert Engagement a Pionéieraarbecht d’Sportlandschaft gepräägt hunn, bei eis begréissen ze dierfen.
E ganz speziellen Highlight war d’Präsenz vun eiser Ex-Schülerin a Goldmedaillegewënnerin vun den Special Olympics Wanterspiller, der Caroline Schambourg, déi mir um World Down Syndrome Day besonnesch éiere konnten. D’Diskussiounen ware spannend, beräichernd an enorm inspiréierend – e wichtegen Austausch, deen gewisen huet, wéi vill d’Leidenschaft an den Asaz vun eenzele Persounen ka bewierken.


Präsentatioun
- Adresse: École Privée Sainte-Anne– Bâtiment D, 108 Grand-Rue L-9051 ETTELBRUCK
- E-Mail: epsasport@sainte-anne.lu
- Téléphone: 812210-228
- Video: https://youtu.be/T-PUrEWzYcM
- Youtube Kanal: https://www.youtube.com/@epsasport
Équipe
Alliaume Liz, Bertemes Romy, Brönner Sebastian, Dimmer Mike, Fellens Daniel, Oly Charel, Pattison Neil, Reisen Michèle, Reiter Stéphanie.


Sportunterrecht an der EPSA
De schoulinternen Léierplang vun der EPSA an deem d’Inhalter festgeluecht sinn, déi an deene verschiddene Klassestufen ze behandele sinn, ass breet gefächert. Um Programm stinn e.a.:
- Klassesch Ballsportaarten (e.a. Basketball, Fussball an Handball)
- Alternativ Équipesportaarten wéi Kinball oder Tchoukball
- Réckschlagsport (e.a. Dëschtennis a Badminton)
- Geräteturnen a Parcours
- Rhythmesch-gestalteresch Sportaarten wéi Danzen oder Akrobatik
- Fitnesssport (e.a. Functional Fitness)
- Waassersport (e.a. Schwammstiler a Rettungsschwammen)
- Outdooraktivitéiten wéi Mountainbike, Klammen oder Inliner
Link Schoulinternen Léierplang: Schulinterner Lehrplan EPS (EPSA)
Ëmmer geet et drëms, d’sportmotoresch Fäegkeete vun de Meedecher ze verbesseren a hir sozial-kooperativ Kompetenze weiderz’entwéckelen. D’Freed um Sport an un der Beweegung däerf natierlech och net feelen a si soll déi Jugendlech dozou motivéieren, och nieft der Schoul an hirem Alldag sportlech aktiv ze sinn.
De Sportunterrecht gett am Bâtiment D ofgehalen, eng grouss Sportshal, e mëttelgroussen Sportsall an ee Spiggelsall souwei och een Outdoorterrain an eng outdoor Klammwand stinn eis zur Verfügung. Des Weideren ginn och Sportscouren an der grousser Sportshal am Daich, wou mir den groussen Turnsall vum Turnveräin mat Geräter kennen notzen an awer och een Judossall an eng Klammwand esou wei och wieder Halen dei eis zur Verfügung stinn. De Schwammcours gett am Nordpol um Colmar-Berg ofgehalen.









LASEL an Sportsektioun

- D’LASEL (Ligue des associations Sportives Estudiantines Luxembourgeoises) organiséiert iwwer dat ganzt Schouljoer Turnéier a Concoursen, an deenen déi verschidde lëtzebuergesch Schoulen sech an diverse Sportaarte moosse kënnen. Dës Manifestatioune ginn an der Regel donneschdes mëttes ofgehalen a fannen duerch d’ganzt Land statt.
- Och eise Lycée hëlt u ville Manifestatiounen deel! De Grupp gëtt ëmmer op d’mannst vun engem Sportsproff betreit, deen de gemeinsamen Transport mat engem Bus organiséiert.
- Weider huet all Schüler d’Méiglechkeet zu bestëmmten Zäiten an de Sportskomplex ze kommen an hei Sport ze maachen.
Horaire Sportsektioun EPSAsport

Kalenner LASEL
EVENTS: https://www.lasel.lu/index.php?p=events&c=2526s1a
Lasel News
Lasel Relais Mersch


Lasel AXXESS Spuerkeesscross

Lasel Futsall Diekirch 2025

Video LASEL
https://youtu.be/aIrOHFJlnEk?si=tdfNnfGQrRC-VG29
Events an Sportstagen
Sportausfluch
De Sportausfluch gëtt all Joer am Juli organiséiert. Schülerinnen déi sech dat ganzt Joer iwwer sportlech engagéieren, sief et an de Laselsaktivitéiten oder Laselschampionater.
Durbuy 2024
Skistage Obertauern
Säit enger Réi Joren organiséiert d' EPSA zesummen mam Lycée vum BELVAL an LTETT eng Schiwoch zu Obertauern an Éisträich.

Bewegte Schule
Bewegter Unterricht
Surveillancestonnen, an deenen d’ Klasse keng Aufgabe musse maachen, gi genotzt fir dat laangt Setzen ze ënnerbriechen. Des Stonne solle fir zousätzlech kierperlech Aktivitéit genotzt ginn. (Spadséiergäng, Beweegungsaufgaben, Sittings breaks oder Outdoor Aktivitéiten).
Bewegte Pause
D’Bewegte Pause soll de Schülerinnen eng zousätzlech Méiglechkeet bidden, sech kierperlech betätegen ze kennen.



Bewegte 5 Minuten Pause
D‘ Sitting breaks sollen dat beweegungsarmt Konzept vum Unterrecht oplackeren an dat stonnelaangt Setzen ënnerbriechen.
Beweeglechkeet:
https://www.youtube.com/playlist?list=PLFJg1AlBzCzEhkmslMFBfblu7Aqyfe91O
Herzkreeslaf/Kräftegung:
https://www.youtube.com/playlist?list=PLFJg1AlBzCzHMab0XPTMY3LgvKr1KtOaJ
Koordinatioun:
https://www.youtube.com/playlist?list=PLFJg1AlBzCzHRnzMgozkVjHZRayjV7IZ
Bewegtes Schulleben
Special Olympics@EPSA an Danz aus der Rei
Bei dësen zwee Projete steet nieft der Beweegung och de sozialen Aspekt am Fokus. Säit 2014 fënnt all Woch een Training an Zesummenaarbecht mat Special Olympics Letzebuerg an der Ecole Privée Sainte-Anne statt.
Säit 2021 gëtt et och een inklusiven Danzprojet an Zesummenaarbecht mat der Ariichtung "de Park" vun Ettelbréck an dem "Foyer Atert" vun Useldeng.
Di zwee Projeten hunn d' Zil dass sech Schülerinnen zesumme mat Mënschen mat enger geeschteger Aschränkung zesumme beweegen, sech kenneléieren, sech géigesäiteg hëllefen an ënnerstëtzen. Esou kennen Angscht a Virurteeler géigeniwwer Mënschen mat enger geeschteger Aschränkung ofbauen.
Video: https://youtu.be/Yaxt3zhS9E0



Mobilitéits- a Verkéierserzéiung
Vëlosdag
De Vëlosdag gett all Joer fir d' 7e Klassen organiséiert. Hei steet de Vëlo ganz am Mëttelpunkt. Et gi verschidden Workshoppe vun externen an internen Intervenanten ugebueden déi eisen Jéngsten d' Freed an de Spaass um Vëlo fuere vermëttelen sollen.
Vëlosdag 2022
- https://www.rtl.lu/lifestyle/news/a/1883522.html
- https://youtu.be/DLrIHz9VmaQ?si=G78aSyXwRxaziMuQ
- https://www.nordliicht.lu/programm/5341/de-velosdag-vun-der-ecole-privee-sainte-anne/
Vëlosdag 2023
Teambuilding Worriken (6es)/Pfunds (4e)
Fir ee konfliktfräien Start an d'Schouljoer ze garantéiere, bidde mir op de 6e an 4e Klassen Teambuildingaktivitéiten un. Zil ass ee positiivt Klasseklima an d' Stäerkung vum Klasseklima.
Fotoen:




Self-Defense
Säit iwwer 10 Joer besteet eng Kooperatioun tëscht der EPSA an dem Self-Defense-Team vun der Police Grand-Ducale. Eemol am Joer kommen si op Ettelbreck a maachen op verschiddene Klassen eng Aféierung a Selfdefensetechniken.




MVOS (Mam Vëlo op d‘ Schaff oder an d‘ Schoul)
Säit e puer Joer mécht d'AGEDOC (Ecole Privée Fieldgen an Ecole Privée Sainte-Anne) bei der Aktioun mam Vëlo op d' Schaff mat.
Virun 2 Joer konnte mir de Golden Gear Award gewannen. Dëse Präis ass fir de Patron deen et fäerdeg bréngt déi meeschte Mataarbechter ze motivéiere fir mam Vëlo op d' Schaff ze kommen.


Radbonus 2025
Dëst Joer huet d' Nordstad dei 1. Editioun vun der Radbonus Schülerchallenge vun allen Lycéen organiséiert. Et war een harden Challenge an et gouf bis zum Schluss ëm de Podium gekämpft. D´Sainte-Anne huet schlussendlech mat vill Asatz vu Proffen a Schülerinnen dei 1. Platz beluecht an hat mat 209 Radler dei meeschten Léit motivéiert an d´Pedallen ze drécken. Insgesammt hu mir 19146 Kilometer zesummen gestrampelt.
Merci jidderengem dee matgemaach huet. Losst et rullen a mir freen eis op dei nächst Editioun. (Fotoën)

Bewegte Freizeit
Déi modern Technologie bitt onbegrenzten Méiglechkeeten déi Jugendlech zu méi reegelméisseger Beweegung an hirer Fräizäit ze motivéieren.
EPSAsport APP: https://youtu.be/ZLw6GvLfYdg
News Bewegte Schule
TOURNOI DE VOLLEYBALL INTERLYCÉES (LCD)
E Freiden war eis Schoul mat 8 héichmotivéierten Proffen um "Tournoi de Volleyball Interlycées am LCD am Asatz.🏐

Ee gelongenen sportlechen Owend!👏🏻👍🏻🏐😀
Präsentatioun vun der EPSAsport APP




- Dossier de presse: EPSAsport - App Release - Dossier de
- Artikel Luxemburger Wort 23.01.2023: https//wort.lu/per-klick-zu-mehr-bewegung-im-alltag/1190771
- Artikel Tageblatt 23.01.2023: https://www.tageblatt.lu/sport/sport-app-schuelerinnen-auf-digitaler-medaillenjagd-in-ettelbrueck/
- RTL Reportage 18.01.2023: https://www.rtl.lu/radio/rtlg/ra/1954377.html
- 100,7 Am Fong 27.01.2023: https://www.100komma7.lu/program/episode/428939/20230127090500-20230127100000
Visit vum Här Minister Claude Meisch
Den Här Meisch huet eis den 9.1.2023 besicht, an sech iwwert zwee Projeten vun eiser Schoul informéiert. D‘ Sportsdépartement huet den néitsten Projet EPSAsport App dei am Kader vun der Bewegte Schule entstanen ass, präsentéiert. Des App erméiglecht et d’Challengen am Beräich Lafen, Vëlo an Spadséieren ze erstellen. Esou sollen d‘ Schülerinnen zu méi Beweegung am Alldag motivéiert ginn.




Video: https://youtu.be/Ar5ADUPCFJQ?si=6ZfSTawi6wco43AP
Links an Dokumenter
Links
EPSAsport Kanal: https://www.youtube.com/@epsasport/playlists
APEP https://www.apep.lu/
Dokumenter
Archiv
Bewegte Schule Adventskalenner 23
Félicitatiounen der 2GCG-1, si hunn dei meeschten Videoen erageschéckt.
Präis: Jeweils een Entréesbillet fir an den Icepark op Beaufort.⛸️

Merci all de Klassen dei matgemaach hunn.
LASEL ARCHIVEN
Lasel MTB Championnat op der Thillsmillen
Charity RUN - Iwwerreechung vun engem Chèque vun 23.922 € un d’Fondation Cancer
Charity Run Fondation Cancer 04.07.2024
Special Olympics Liichtathletikmeeschterschaften 2024
Lasel Beachvolley zu Dikrech
Sainte-Anne goes Champion-Lasel
TOURNOI DE VOLLEYBALL INTERLYCÉES (LCD)