Son Altesse Royale de Prënz Guillaume op Visitt an eiser Schoul
E ganz besonnesche Moment: Son Altesse Royale de Prënz Guillaume op Visitt an eiser Schoul
Dëse Méindeg, den 19. Oktober, wäert eise Schülerinne sécherlech nach laang an Erënnerung bleiwen. Mir haten déi grouss Éier, Son Altesse Royale de Prënz Guillaume bei eis begréissen ze dierfen. Bei dëser Geleeënheet kruten eis Schülerinnen aus de 6ièmes- a 4ièmes-Klassen d’Initiativ Mérite Jeunesse virgestallt.
Den Event gouf duerch d’Talent an den Engagement vun eise Schülerinnen nach méi besonnesch: D’Iris huet eis mat enger musikalescher Opféierung begeeschtert, wärend d’Erika, Laureatin vun der Bronzemedail vum Mérite Jeunesse, hir inspiréierend Erfarunge mat de Schülerinne gedeelt huet.
No der Presentatioun ass de Moie bei engem « verre de l’amitié » an enger entspaanter Atmosphär ausklénge gelooss ginn. De Prënz Guillaume huet sech Zäit geholl, fir mat de jonke Schülerinnen an d’Gespréich ze kommen, hinnen nozelauschteren a sech iwwer hir Projeten an Dreem auszetauschen. Dobäi huet hien hinnen och erkläert, wéi de Mérite Jeunesse eng wäertvoll Erfarung fir hir perséinlech Entwécklung an hir Zukunft ka sinn.
Mir behalen dëse besonnesche Moie mat ville schéinen Erënnerungen, stralende Gesiichter an engem staarke Gefill vu Gemeinschaft a Mateneen deelen a léieren a gudder Erënnerung.