09122018

Awards Night 2018

De 6. Dezember war d'Awards Night 2018 vun der lëtzebuerger Sportspress am Casino zu Mondorf. Op dësem Owend ginn ënner anerem de Sportler an d'Sportlerin vum Joër geéiert. Dëst Joër kruut och Special Olympics ee Präis, an zwar fir de ''Unified Sports''. D'Ziel vun dësem Programm ass d'Inklusioun vu Sportler mat enger geeschteger Aschränkung andeems si zesummen mat Partner ouni Behënnerung Sport machen, wéi z.Bsp. um Special Olympics Training bei eis an der Schoul, awer och um Basket- an Dëschtennistraining am Rehazenter. Vum Ettelbrécker Training konnten d'Kelly Rosa Do Amaral (DC2AV), stellvertriedend fir d'Partner, an d'Caroline Schambourg, eng ancienne EPSA Schülerin, stellvertriedend fir d'Athleten, un dësem flotten Owend deelhuelen.