AMNESTY INTERNATIONAL
Firwat solle mer den 10. Dezember eng Amnesty-Käerz ufänken?
Den 10. Dezember 1948 hunn 58 Staten déi Allgemeng Erklärung vun de Mënscherechter ënnerschriwwen. Fir dorunner ze erënneren gëtt all Joer den 10. Dezember um Dag vun de Mënscherechter eng Amnesty-Käerz ugefaang. Et ass e Symbol fir un d'Affer vu Mënscherechtsverletzungen ze denken. Deen Dag sinn all Fënstere vun eiser Schoul vu Käerzen erhellt. Mir feieren den Dag vun de Mënscherechter dëst Joer sonndes den 10. Dezember.
Dofir denkt drunn, freides, den 8. Dezember Käerzen an d'Fënstere vun ärem Klassesall ze stellen.
Dëst Joer steet d'Käerzecampagne am Zeeche vun de MënscherechtsaktivistInnen.
Duerch de Verkaf vun de Käerze komme Mënsche fräi an et gi Liewe gerett!
https://www.amnesty.lu/campagnes/campagne-bougies-2017/#.WgBx4YaDOEJ
Dir kënnt och op der Homepage vun amnesty Lëtzebuerg Petitiounen ënnerschreiwen.
https://www.amnesty.lu/mobilisez-vous/signez-une-petition/#.WgB06IaDOEI
an dir fand och deen neiesten Dossier pédagogique iwwert Migratioun
https://www.amnesty.lu/jugend/notre-offre-pedagogique/commander-un-dossier-pedagogique/#.WgB1doaDOEI
D' Käerze ginn an der Porte, am Secrétariat an am Proffenzëmmer verkaaft. An der groußer Paus këmmere sech vum 5.- 8.12 Schülerinne vun der 8ST3 ëm de Verkaf (beim Schocki-Stand bei de Bänken)
Déi grouß Käerze kaschte 6 €, déi kleng 3 €.
Villmools Merci Fabienne Fischer