29042017

I am not a Refugee

Am Kader vun Exposéen, déi d'Schülerinne vun der TOCM iwwert verschidde Flüchtlinge vun www.iamnotarefugee.lu gemaach hunn, ass den Haer Aws Al Omar eis besiche komm. Heen huet eis iwwert säi Liewen am Irak als Ingenieur an elo hei zu Lëtzebuerg  als irakesche Refugié geschwat. D'Schülerinnen haten d'Méiglechkeet, Froen ze stellen a een Abléck ze kréien an d'Situatioun am Irak an d'Problemer, déi Flüchtlingen am alldeegleche Liewe begéinen.